Eischt Zughundeschoul zu Lëtzebuerg


 

Denkt een un Zughundesport, denken déi meescht wuel an éischter Linn un déi klasseg Schlitterennen mat Huskys, Schlitt a Schnéi.

Ma och de normalen Haus-a Familjenhond huet mëttlerweil d'Méiglechkeet seng Freed an Talenter am Zughundesport auszeliewen. 

Dës Fräizäitsportart erfreed sech ëmmer méi grousser Begeeschterung an ass och zu Lëtzebuerg ukomm.

Ech schaffe mam XH-Dog-Scooter, woubäi et sech ëm e spezielle Roller handelt dee virun allem geeegent ass vir d'Natur sportlech a flexibel mat sengem Mupp ze erliewen.


Ziler vum Zughundesport

  • Förderung vun der Bezéiung tëscht Mënsch an Hond
  • kierperlech a mental Auslaaschtung
  • Stärkung vu Konditioun- a Kraftausdauer bei Hond a Mensch
  • Stärkung vum Selbstbewosstsäin
  • Spaß mam Hond


Wéieng Muppe si geeegent?

  • de Mupp muss ausgewuess a kierperlech gesond sinn
  • Mindestgewiicht vun 20 kg
  • Mindestkierpergréisst vun ca. 50 cm
  • Vu Vierdeel si Muppen déi eng natierlech Freed um Lafen hunn

 

D'Rass spillt keng Roll



Wéieng meiglechkeeten gin et?


Workshop fier Ufänger

Desen Workshop as speziell fier Unfänger geduecht. Egal ob Leinenpöbler oder Raudi... all Mupp as Wëllkomm deen mindestens em dei 20 kg schweier as.

 

  • nächsten Workshop as den 10ten März 2024

Eenzelstonnen

No Ofschloss vum Workshop get et d'Meiglechkeet Eenzelstonnen ze huelen an esou weider den Zughundesport  auszeüben.

  • Terminer gin individuell festgeluecht

Gruppenstonnen

Ween no dem Ofschloss vum Workshop well an der Grupp regelmeisseg weider traineieren as an den Gruppenstonnen genau richteg.

  • Terminer gin regelmeisseg online gesaat



Details zum Zughunde-Workshop 

 

Theorie 
• Theoretescht Wessen iwwer den Zughundesport
• Virstellung vun den "Zuggefährten"
• Dat richtegt Equipment (Zuggeschirr muss perfekt passen)
• Allgemeng Tipps zum Training an nach villes mei...

Praxis 
• Uprobéiere vum richtegen Zuggeschirr
• Dréchenübunge ouni Hond
• Zugübunge mam Dogscooter

 

Unmeldung per E-Mail un: info@fifi-s.lu