Dir wënscht Ierch en sportlecht Hobby wou dir ären Hond mat abannen kënnt?
Dann as Canicross genau dat richtegt. Heibei gidd dir an ären Hond sportlech gefuerdert an gidd dobei och nach en agespilltend Team.
Canicross as eng vun villen Disziplinen vum Zughundesport, woubei dir hei mam Hond enner Zuch laaft.
Des Disziplin ass den perfekten Einstieg an den Zughundesport, well hei d’Verletzungsgefoor am gerengsten as an et am einfachstem as dem Hond d’Grondkommandoen beizebrengen. Ausserdem brauch een hei och nemmen e pour Laafschung, passend Zuggeschirr, Zuglenkt an den Beckengurt, an schon kann et lassgoen.
Prinzipiell kann een soen, dass Canicross fir all gesonden Hond, deen Spass um laafen huet, geegnet ass. Zuchbelaaschtung as bei deser Disziplin am niddregsten an doweinst kann desen Sport souwoul mat klengen wei och groussen Hënn bedriwen ginn.
Canicrosser kann all Hondsbesetzer ginn, deen gären aktiv ass.
Trainer: Serge
Trainingsart: Gruppentraining fier max. 6 Mensch-Hond Teams
Virraussetzungen: all Mupp kenn ab dem alter vun 1 Joer matmaachen ob grouss, kleng, aal oder jonk
Trainingsdauer: C.a 45-60 min
Präiss: 20 Euro
Wou an weini?: Mir starten am Mai 2021 =)
Trainingsmaterial:
Dat speziellt Zuggeschirr souwei Canicrossgurt an Zuglengt get vun eis zur Verfügung gestallt.
Verbuede sinn selbstverständlech Stachhalsbänner an Endloswürger
Unmeldung an Informatiounen per E-Mail un: info@fifi-s.lu