Mantrailing (Persounensich)


Ëmmer der Nues no...

Beim Trailen sicht den Mupp eng verstoppten Persoun mëttels enger Gerochsprouf un der en virdrun gericht huet. Dat kann en Kleedungsstéck oder och aner perseinlech Géigestänn sinn.

 

Den Gerochssënn vun eisen Muppen ass esou gutt ausgeprägt dat sie bestëmmten  Doftnouten tescht all deenen aneren Gerécher erausfilteren kennen.

Des Spur gëtt dann verfollegt bis den Mupp Zielpersoun fonnt huet an dann eng Belounung erhält.

 

Bei der Sich geet et duerch Wunngebidder, Stroossen, Bescher an Felder, eben iwwerall dohin wou en Mensch hingoen kann. Den Mensch as duerch eng Schlepplengt mat sengem Mupp verbonnen an kemmert sech niervt der Sicharbescht virun allem emt den Lengtenhandling an d'Kierpersprooch vun sengem Hond.

 

Trailen mescht den Muppen net nemmen groussen Spaass mee lascht se och aartgerecht aus. Dat fuerdert d'Bezéiung tëscht Mënsch an Hond.

 

Trainer: Serge

 

Trainingsart: Gruppentraining fier max. 6 Mensch-Hond Teams

 

Virraussetzungen: all Mupp kenn matmaachen ob grouss, kleng, aal oder jonk 

 

Trainingsdauer: C.a 90-120 min

 

Präiss:  30 Euro oder bei 5er Kaart 125 Euro

 

Wou an weini?: dei aktuell Terminer gin emmer veröffentlecht an sin ob ennerscheedlechen Plaazen an zu ofwiesselnden Zaiten

  • Datumer stin enner HOME

Trainingsmaterial:

  • een gutt setzend Halsband an Broschtgeschirr 
  • eng Führleine vun mindestens 2,5m (keng Flexilengten)
  • eng Schlepplengt vun 5-8 meter längt

Verbuede sinn selbstverständlech Stachhalsbänner an Endloswürger

 

 

 Unmeldung an Informatiounen per E-Mail un: info@fifi-s.lu