Fifi's Verhalensberodung


E Mupp grousszezéien heescht méi wéi ëm „sitz“, „platz“ a „fouss“ bäizebréngen. Villméi heescht et ëm ze hëllefen säin ënnert Gläichgewiicht ze fannen. Dat bedeit vir eis vill Zäit a Gedold obbréngen an ass mat vill Übung verbonnen.

 

Déi meecht Muppen déi onerwënscht Verhale weisen, sti virun Erausfuerderungen déi si selwer iwwerfuerderen. An deene Situatioune reagéiere si, an onsen Aen oft net richteg a ginn allzeséier als „Problemhond“ ofgestempelt.

Vir de Mupp war et awer dee schnellsten an effektivste Wee aus der Situatioun erauszekommen oder sengem Instinkt nozegoen.

 

Et läit mir um Härz Iech ze hëllefen Ärem Mupp säi Verhale richteg ze liesen an ze interpretéieren. Eisen Training fënnt do statt wou sech Ären Alldag ofspillt, bei Iech doheem an am öffentleche Raum.

A mengen Aen ka nëmmen iwwer dëse Wee eng flott a vertrauensvoll Mensch-Hond Bezéiung entstoen.

 

Meng Verhalensberodung fonktionnéiert no folgendem Prinzip:

Ech huele mer Zäit vir Iech an Äre Mupp a sengem gewinnten Ëmfeld kennenzeléieren. Zesumme kucke mir eis Ärt Mensch-Hond Team un, schwätzen iwwer Är Ziler a wéi mir dës arreeche kënnen.




Präisser:

 

Eischt Kenneléiergespréich (obligatoresch tëscht 90-120 min à 90€)

Beschwätzen vun der Problematik

Opstellung vun éischten Trainingsschrëtter

 

1 Séance Eenzelstraining  (90 )