Social Walks


De Social Walk as eng speziell Form vun engem Spazeiergang a fördert rouegt a sozialt Verhalen ennert de Muppen. Bei dësem Spazeiergang sin d’Muppen de ganzen Zäit un der Léngt.

 

D’Muppen léieren aner Henn ze akzeptéieren a sammelen positiv Erfahrungen. Mir respektéieren dei jeweileg Individualdistanz dei weder vun Mensch nach vun Hond iwwerschratt gëtt.

 

Erwenschtent  Verhalen get belount a bei onerwënschtem Verhalen bidden mir eng Alternativhandlung un. Lues a lues leiert de  Mupp sou dat Muppenbegeignunge  ganz positiv kennen sin.

 

Social Walks si gegnet fir Muppen :

  •      mat enger Leinenaggressioun
  •    déi onsecher/ängstlech sin
  •    mat mangelhafter Sozialisatioun
  •    dei sech liicht duerch aner Muppen oflenken lossen
  •   dei nach Jonk an stiermeg sin    

Wëllkomm sinn och Muppen dei dat alles schon beherrschen, sou dat sie eng Art „Fierbild“ vier dei  aner Muppe kënnen sin.

 

Prinzipiell kann all Hond matmaachen vier seng  Sozialkompetenz ze verbesseren an ze stabiliséieren.

 

Trainingsinhalt:

  • Rou a  Konzentratiounsübungen
  • Hond- Mensch Kommunikatioun
  • Übungen vir Alternativhandlungen
  • entspannt un der Lengt goen an der Grupp
  • üben vun Alldagssituatiounen
  • Frustratiounstoleranz stärken

Präiss:  30 Euro oder bei 5er Kaart 125 Euro

 

Trainer: Serge

 

Trainingsart: Gruppentraining 

 

Trainingsdauer: C.a 75-90 min

 

Wou an weini?: dei aktuell Terminer gin emmer veröffentlecht an sin ob ennerscheedlechen Plaazen an zu ofwiesselnden Zaiten

  • Datumer stin enner HOME

Trainingsmaterial:

  • een gutt setzend Halsband oder Broschtgeschirr 
  • eng Führleine vun mindestens 2,5m (keng Flexilengten)

Verbuede sinn selbstverständlech Stachhalsbänner an Endloswürger

 

 

 Unmeldung an Informatiounen per E-Mail un: info@fifi-s.lu